Accueil

D’Wandersektioun

D’Sektioun « Randonneurs » vum Fräizäit-Sport Kéinzeg organiséiert regelméisseg (normalerweis all 3. Weekend am Mount) e Fousstour vun engem ganzen Dag iwwer Weeër a Pied an onofhängeg vun de Wiederkonditiounen. Dobäi ginn tëscht 15 an 20 km zeréckgeluecht.

An de Wanterméint gëtt mëttes am Restaurant giess. An de Summerméint gëtt de Picknick am Rucksak matgeholl.

Periodesch gëtt och en Tour vun e puer Deeg an d’Nopeschlänner organiséiert.

Jiddereen, deen ouni Problemer 3 Stonnen ënner all Konditioune goe kann, ass wëllkomm. Eng eenegermoosse gutt kierperlech Konditioun ass néideg, ‘t muss een awer keen duerchtrainéierte Sportler sinn.

All ageschriwwene Member kritt all Mount en Info mam Programm geschéckt.

D’Wandersektioun hat den 21. Mäerz 1982 hiren 1. Fousstour an huet zanterhier iwwer 497 Tier organiséiert, ouni déi sëlleg Trëppelvakanzen am Ausland matzezielen.

An zu gudder Lescht eise Motto: « Un jour de sentier = sept jours de santé ».

D’Wandersektioun “on Tour” bei Réngel am September 2009.